D’Ranger an d’Rover si Jugendlech, Meedercher a Jongen vu 17 bis 23 Joer a méi. Si bilden déi iewescht Branche vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten.

D’RaRo sinn an engem Alter, wou si wichteg Entscheedungen treffe mussen oder virbereeden : d’Wiel vum Beruff, d’Wiel vun engem Liewenspartner an d’Wiel vun enger Liewensorientatioun.

D’ Zil vun der Branche ass et, den Jugendlechen duerch verschidden Aktivitéiten, Aktiounen op dem Wee zum Erwuessenen ginn ze ënnerstëtzen. D’ Method RaRo gëtt him heibäi een Kader, an deem hien sech seng Perséinlechkeet kann entwéckelen.

Responsabel : Hoffmann Tom
Email : raro.houwald@gmail.com

#324

Si soen déi coolst Plaz op der Welt ass Disneyland … Si hun null ahnung, et ass um Camp.

Ënnerstetzt eise Grupp Don Bosco Houwald