Zesummen ënnerwee zënter 1946 — eis Erënnerungen, eis Identitéit.
Um Houwalder Plateau huet eng Strooss de Numm Pére Jos. Conrad. T’as dee Pater, deen an der Chronik vum Klouschter am Abrëll 1946 esou ernimmt gëtt : “Le Pére Jos. Conrad participe avec les louveteaux à la procession de l’Octave”. Secher ass domat, datt 1946 scho Wëllef bestanen hun.
1940
D’GRËNNUNGSJOREN
Abrëll 1946
Den Pater Joseph Conrad hellt un der Prëssessioun vun der Oktav mat den Houwalder Wëllef deel.

Mett 1946
11. November 1947
Deen éischten Wëllefchersruddel get mat 12 Wëllefcher an de Verband vun de Lëtzebuerger Scouten opgeholl.
22. August 1948
D’Wëllefcher woren op hierem eischte Camp zu Clairefontaine.

8. November 1948
Déi eischt Scouten figuréiren am Dossier vum Verband.
De Pater Joseph Adam huet glaich e Comite Protecteur op d’Bee gesat. Ouni d’Hellef vun Erwuessener wär et dem Grupp terribel schwéier gin, sech finanziell duurchzesetzen.

12. Dezember 1948
Wëllefcher missten am Scoutsalter de Bouneweger Scouten ugegliddert gin… duerch d’Chefernennung vum Reine Angel an vum Collings Léi wor des neméi néideg. Den Houwalder-Grupp huet hier eegen Scouts-Chefen an déi eischt Scouten gin gegrënnt.
1950
ÉISCHT AUSLANDSABENTEUER
13. Mee 1952
D’Scouten schaffen zesummen um Bau vun der Kapell “Notre-Dame des Bois” um Neihaischen. E besonnesche Bäitrag vun iis fir d’Kapell as d’Klack um Tiirmchen.

August 1953
Zesummen mat den Ettelbrécker a Clausener Scouten si mir op eisen éischten Auslandscamp no Bouzey, bei Epinal, an engem struppevolle Bus vun Itzeg gefuer.

August 1954
Februar 1958

August 1958
Gemittlech louche mer um Wallensee an der Schwäiz. Uewen an de Bierger hu mer eis gutt Lëtzebuerger Zoossiss fir Schwäizer Kéis gekoppelt.
Beim Nuetspill um Wëllefcherscamp: Tas engem waarm laanscht d’Been gin well e Wëllefchen am Däischteren nët wousst, datt ee nierft him sténg.

1960
OPBAU AN WUESSTUM
Juli 1963
Zu Huelmes fällt den Kaysens Ren duurch e Lach op eng Sau.

1964
D’Scouten hun de Guiden d’Cheftainen ewech gebotzt. D’Houwalder Guiden musse wéinst Chefmangel ophalen.

17 Juli 1967
Mam Botzems Änder als Chef, op der Bichermillen mat Floossen an engem Mouer rumouert.

1969
Um Chefdaag gin d’Guiden aanescht opgedeelt, Wichtel, Aventuren, Caravellen a Ranger.
1970
EISEN CHALET
Juni 1971
Wëllefchersrallye um Houwald

8. Juli 1972
26. März 1973
E naie Comité get gegrennt an nennt sech offiziel “Frënn vun den Houwalder Scouten”.
19. Juli 1973
Déi éischt Pionéier hun sech forméiert an gin op d’Giewelsmillen op de Camp ennert dem Thema “Aqua Diving”
18. August 1973
Och d’Explorer bilden eng Trupp an zesummen mat den Pionéier gin si an d’Bretagne op de Camp.
20. Juli 1974
Mir brauchen ee Chalet! Dei éischt 22 cbm Beton gi gegoss.

1975
Déi eischt Rover gin lanceiert an gin fir hieren eischte Camp op Saas-Fee an d’Schwäiz.
29. Juli 1975
“Five Fingers, one Hand” wor den Embleem vum Jamboree Nordjamb. Zu 17000 Scouten, aus 96 Länner woren mir do. (Campvideo)
1976
D’Houwalder Guiden konstituéieren sech nei an zielen a kuerzer Zäit 80 Meedercher.
17. Abrëll 1977
Entlech hun d’Houwalder Scouten hire Chalet, dat hiirt eleng as. D’Versammlungen vun den Wëllefcher, Pionéier, Explorer, Rover, Wichtel, Aventuren, Caravellen an Ranger ginn am Chalet ofgehal.

1977
Gruppefoto:

1980
40 JOËR JUBILÄUM
1980
D’Guiden gin op hieren eischten Auslandscamp zu Quarten an der Schwäiz.
1986
40 Joër feiert den Grupp Don Bosco mat engem Jubiläumscamp (DoBo) hannert dem Houwalder Klouschter.
1988
Déi Ierwgroussherzoglech Koppel bei eis op Besuch am Chalet.

1990
VILL ARBESCHT UM CHALET
1990
De Schapp muss nei opgeriicht gin nom schlëmme Stuerm.

1990
Den Daach vum Chalet get ausgebaut, sou dat de Guidesall méi grouss a komfortabel get.

1991

15. Mee 1994
Déi zwee Judendmouvementer, d’Lëtzebuerger Guiden an d’Lëtzebuerger Scouten, decidéiren zu engem eenzege grousse Verband ze fusionnéiren,
1994

5. Mee 1996
Nationale Wichtel-Wëllef Rallye um Houwald. Den 1000 Kanner mat hire Cheftainen a Chef hun mir e flotte Rallye duerch den Houwalder Bësch offréiert.
14. Juli 1996
50 Joër Feier an e Jubiläumscamp zu Kandersteg an der Schwäiz mat den Avex, CaraPio, RaRo an de Frënn.
1999
No engem iwwerhëtzte WE vun den Explorer as de Kamäin am Chalet verbrannt.

1996

2000
ENG NEI GENERATIOUN
2003
Ee flotten Schnuppernometteg! “Breng de Föhn dann geet et méi schnell”

2006
Um Bëschfest féiert den Houwalder Grupp seng 60 Joer !

1. August 2007

9. Februar 2008
Renovatiouns-aktioun am Chalet. Merci :)

2010
ENG ZEIT VOLLER AKTIVITÉITEN
18. Juli 2010
Um Althing, nationalen Wëllefcherscamp zu Heischent, hunn d’Chef Schnik-Schnak-Schnuk gespillt fir engem Wëllefchen déif an säi Rucksak ze greiffen deen Nuets eppes verstoppt hat… deen hat et neméi bis op d Toilette gepackt.

18. Juli 2012
Witzeg, hëllefsbereet, pünktlech an ëmmer gutt drop. Dat ass de “João”. Hien war eise Buschauffer fir op den Gruppecamp zu Kandersteg an der Schwäiz. Säit deem kréien mer ëfters Besuch vum Joao an fir op eis Ausflich wëlle mer keen aneren Buschauffer.

2012

17. Juli 2013
Nationale Carapio Camp zu Dorset Wareham an England. D’ CaraPio vum Houwald hu sech zesummen mat 300 CaraPio aus dem ganzen lëtzebuerger Land mam Bus op t’Rees gemaach. Zu Brownsea Island kruten mer een Abléck an t’Geschicht vum B.P. sengem éischten Camp.

5. Juni 2016
D’Houwalder Maskottchen, de Waldho gouf um um Holleschbierg vun 565 Wëllefcher gesicht. Wëllefchersrallye an 70. Jubiläum vum Grupp.

18. Juli 2017
20. Juli 2017
D’Jeanne an den Dan sinn extra aus Amerika op Lëtzebuerg komm fir mat eis e puer schéi Momenter um GoUrban ze verbréngen. Mat Spiller, amerikanesch Scouts-Spezialitéiten, Kamellen, Badgen sinn eis Wëllefcher an Cheffen schéi verwinnt ginn. Des zwee passionéiert Scouten hu mir 2012 an der Schwäiz kennegeléiert an säit deem gehéieren Si zur Famill.
2017
Gruppefoto:

Eis Campen
An denen villen Joeren dei eisen Scoutsgrupp schon existéiert, hu mir schon sou munch Campen hannert eis. Wann mer se och net all opzielen kennen, sou kenne mer opmanst probeieren dat Ganzt bessi duerzestellen.

