D’ « Frënn vun den Houwalder Guiden a Scouten » ass d’Amicale, déi 1973 nei gegrënnt gouf. Deemools hat sech e Grupp vun Leit, haaptsächlech Eltere vun de Scouten, zesummefonnt a sech als Zil gesat e Chalet fir d’Scoute opzeriichten. Wann dat deemools fir d’Scoute war, dann aus dem Grond, well d’Guiden um Houwald eréischt méi spéit derbäi koumen.

D’Haaptaufgab vun de Frënn ass dem Grupp déi materiell, finanziell a representativ Suergen ofzehuelen, sou dass d’Cheftainen an d’Chef sech ausschliisslech hirer Erzéiungsaarbecht duerch flott Aktivitéite widme kënnen.

D’Statute vun de Frënn sinn esou ausgeknobelt, datt d’Frënn de Guiden a Scouten eng Stëtz sinn, ouni sech dofir an hir spezifesch Aktivitéiten anzemëschen.

Président : Jean-Marc Pierre
Email : contact.frenn@houwald.lgs.lu

Mir sinn ëmmer bereet nei Frënn opzehuelen !

 

Sief et als einfache Member oder als Member Actif. E Jugendgrupp huet ëmmer mat Problemer ze kämpfen, déi hien schwéier mat eegen Kräften léisen kann. Déi Leit, déi sech wëllen engagéiere fir an dësem Grupp matzeschaffen, sollen sech einfach bei engem Member vum Comité mellen.

Ënnerstetzt eise Grupp Don Bosco Houwald