Giovanni Melchiorre Bosco

Eise Patréiner.

De Giovanni Melchiorre Bosco ass den 16. August 1815 um Hiwwel zu Becchi gebuer, engem Dierfche bei Castelnuovo d’ASTI haut Castelnuovo Don Bosco. Als kathoulesche Paschtouer huet hien sech staark fir d’Jugend agesat an gouf 1834 helleg gesprach.

Schon am Alter vu 9 Joer war den Giovanni fest entschloss Paschtouer ze ginn. Well hien aus aarmen Verhältnisser koum huet hien missen haart schaffen goen fir en Seminar kennen bäi ze trieden.

Zu Chieri ass en dunn zougelooss ginn. Mee hien war esou aarm dat een him vun Kapp bis Fouss nei akleede misst. 10 Joer méi spéit, gouf den Don Bosco mat 26 Joer zum Paschtouer geweit an entscheet op Turin ze goen.

Zu Tourin ukomm, 1841, erkennt den Don Bosco dat d’Erzéiung vun de Kanner an Jugendlecher, duerch Industrie Entwécklung a Gefor ass. Net nëmmen duerch den Mangel un Erzéiung vun den Elteren, déi vun Moies bis Owes schaffen an déi néideg Zäit fir hir Kanner net hun, mee och duerch d’Versoen vun verschidden Instanzen wéi Schoulen. Enner anerem sinn och vill Jugendlecher vum Land zu Turin fir Aarbecht ze sichen: Leider hun der vill hinnen Pesch an fannen keng. Meeschtens sinn dat och Jugendlecher déi keng Elteren hunn oder soss Hëllef hunn fir ënner ze kommen.

D’Konsequenzen sinn dat d’Jugend sech vernoléissegt Fillen an hier Zait op der Strooss verbréngen. Oft sinn dann Gruppen entstane déi sech ëmmer méi Richtung Kriminalitéit gedréit hunn.

Schnell hellt den Don Bosco d‘Décisioun säi Liewen de Jonken ze widmen fir se op gutt Letzeboiesch : « aus der Schäiss ze huelen ».

Den 8 Dezember 1841, huet den Don Bosco deen éischten Jugendlechen vun villen opgeholl. Am Ufank ass hien mat de Jugendlecher hin an hier gependelt mee schnell hunn si e festen Setz fonnt an engem klenge Schapp zu Valdocco.

Hien huet mat hinnen geleiert, an Ateliern opgebaut fir verschidden Beruffer ausüben ze kennen.

Sai ganzt d’Liewen huet den Don Bosco fir d’Jugend gekämpft an divers Organisatiounen gegrënnt. Déi bekanntsten ass « D’Vereenegung vun der Salesianischen Mataarbechter », déi hien 1876 grënnt huet. Bis zum Don Boscos Doud 1888, sinn 250 Salesianesch Foyer gegrënnt ginn an Europa an Lateinamerika.

Duerch dem Don Bosco sinn bis 1888 an deenen verschidden Jugendhaiser, ronn 130.000 Jongen opgeholl ginn an 18.000 Léierbouwen ausgebilt ginn.

Ënnerstetzt eise Grupp Don Bosco Houwald