An de Biber léieren d’Kanner Wärter kennen, déi am Liewe wichtëg sinn. Net just léiere sie an hirem jonken Alter d’Natur an d’Emgéigend kennen, och léiere sie, wat et heescht, léif, hëllefsbereet an empathësch ze sinn. An de Biber heesche mir Kanner tëscht 6 an 8 Joër (Cycle 2) wëllkomm.

Eis Versammlunge fannen all Samstëg Moien, vun 10 bis 11h30 statt. Niewend de Versammlunge fannen ab und zu och ganz flott Sortien statt an eise Montéesweekend ass natierlëch och net ze vergiessen. Géint Enn vum Scoutsjoër fënnt natierlëch eise Summercamp statt, wou d’Kanner e puer Nuechten mat flotten Aktivitéiten, an engem flotte Chalet hei am Land,verbréngen a vill Spaass wäerten hunn.

Responsabel : Peiffer Anne
Email : biber@houwald.lgs.lu

 Versammlungen sinn all Samschden Moien vun 10h bis 11h30

Mir sinn all verschidden an dach d’selwecht

D’Kanner erliewen dass mir all zu enger grousser Famill gehéieren, dass mir all d’selwecht sinn, och wa mir aner Kulturen, aner Reliounen, eng aner Sprooch oder eng aner Hautfaarf hunn. D’ Biber léieren een deen aneren ze respektéieren an och fir déi aner do ze sinn, wann si am Grupp sinn. Si léieren also eng nei Dimensioun vun Gemeinschaft kennen an si entwéckelen och eng positiv Astellung zum Liewen an zur Natur.

D’Schéinheete vun der Natur kenneléiren

Wéi d’Biber an der Natur, léieren d’Kanner hiert Ëmfeld ze erfaassen an erliewen d’Schéinheete vun der Natur ouni awer d’Geforen ze ignoréieren.  D´Kanner sollen an hirer Entwécklung gestäipt gin, si solle léieren sech auszedrécken.

01

Geschichten

Mat enger klenger Geschicht ginn d’Kanner an d’Thema agefouert.

02

Kniwwelen

Duerch d’Kniwwel sollen d´Kanner hir eegen Talenter entdecken a mat verschiddene Materialien Bekanntschaft maachen.

03

Spillen

Duerch d’Spill kënnen d’Kanner sech op eng aktiv an experimentell Manéier mat hirem Ëmfeld an hirer Ëmwelt auserneesetzen.

Eis Biber-Chefen

Anne

Luca

Jack

Carole

Emili

Anna

Ënnerstetzt eise Grupp Don Bosco Houwald