D’RaRo (Ranger a Rover) bilden déi iewescht Branche bei den LGS a bestinn aus jonken Erwuessenen am Alter vu 17–23 Joer. Als lescht Branche bei den LGS kënne RaRo déi ganz Erfarung, déi si an hirer Zäit als Scout gesammelt hunn, notzen, fir zesummen am Clan Projeten ze verwierklechen.

Versammlungen sinn all Donneschden

vun 19:30 – 22:00

Selbstännegkeet & Erfarung

Bei de RaRo steet d’Notze vun der eegener Scoutserfarung am Mëttelpunkt. D’RaRo bréngen dat, wat si iwwer d’Joren geléiert hunn, aktiv an d’Clan-Liewen an a gemeinsam Projeten an.

 

Eegeverantwortung & Initiativ

D’Eegeverantwortung an d’Eegeninitiativ gi bei de RaRo groussgeschriwwen. Versammlungen, Aktivitéiten an och de Camp ginn vun de RaRo selwer geplangt a gestalt, mat Begleedung a Berodung duerch d’RaRo-Chef.

Zesummenhalt am Clan

Als jonk Erwuessener sti RaRo viru groussen Erausfuerderungen – bei de Scouten an am private Liewen. De staarke Zesummenhalt am Clan bitt Berodung, Ënnerstëtzung an Austausch mat Chef a Kolleegen.

 

Zesummen ënnerwee

De RaRo-Clan ass méi wéi eng Scoutbranche – et ass eng Gemeinschaft vu jonken Erwuessenen, déi zesummen Erfarungen deelen, Verantwortung iwwerhuelen an sech géigesäiteg ënnerstëtzen.

Ob bei Aktivitéiten, am Camp oder am Alldag: de RaRo steet fir Zesummenhalt, Vertrauen an Engagement.

Kontakt

Responsabel : Bob Thoma & Theo Klopp

Email : raro.houwald@gmail.com

Rezent Campen

Salzburg (Eisträich)

Mat der Linn 18 ob Salzburg

2025
Camp Patch 2025

Zeeland (Holland)

Dem Loco geet et net gutt

2024
Camp Patch 2024

Kandersteg (Schweiz)

Gruppecamp zesummen mat den Wëllefcher, AvEx an CaraPio

2023
Camp Patch 2023

Lissabon (Portugal)

Den éischten RaRo-Camp

2023
Camp Patch 2022