Lord Robert Baden Powell

Chef Scout

Numm Robert Stephenson Smyth Baden Powell
Spetznumm BP
Gebuer 22 février 1857 zu Paddington an England
Gestuerwen 8 janvier 1941 zu Nyeri am Kenya
Nationalitéit Britanien
Beruf British Army Drapeau : Royaume-Uni (1876 – 1910)
Schrëftsteller
Hobby Scouten
Theater spillen
Molen an Zeechnen
Famill Harry Baden Powell (Papp)
Henrietta Grace Smyth (Mamm)
William Henry Smyth (Bopi)
Olave Baden-Powell (Fra)
Agnes Baden-Powell (Schwester)
Robert Stephenson (Petter)
Geschwester 6 Bridder an 3 Schwestren
Kanner 3 (Peter, Heather an d’Betty)
Ennerschrëft
Wat waren dem Baden Powell seng Zieler ?

 

Déi international Dimensioun vum Guidismus a Scoutismus war vun Ufank un eng vun den Haaptiddien vum Baden Powell. Hie war iwerzeegt, dat duerch gemeinsam Campinger, gemeinsamt schaffen a gemeinsam feieren, d’Kanner an déi Jugendlech vun allen natiounen sech besser genge kenneléiren an domat sech als Frënn a Partner an nët als Géigner gengen betruechten.

An d’Schoul goen ass fir déi aaner…

Den BP gouf vun senger Famill Stephe genannt (“Stevie” ausgeschwaat). Sai Papp war Paschtouer an een bekannten Theologie an Geometrie-Professer op der University of Oxford. Mee leider gestuerwen do hat den BP 3 Joer. Hien gouf also vun senger Mamm a sengem Bop grouss gezunn.
An d’Schoul ass en net gär gaang. Leiwer an de Park mat sengen Kollegen an Geschwëster. Do konnt hien d’Déieren observéieren, leieren wei een mat enger Aaxt ëmgeet oder wei hien et selwer spéider bezeechent huet : “D’Wëssenschaft aus dem Bësch” léieren. Sai Bopi, ee bekannten Admirol huet him o e puer Tricks bäibruecht deen hien an der Natur konnt uwenden. Gutt war eisen BP awer am Theater spillen. Dat huet hien extrem gär gemaach, Witzeg war och dat hien genausou gutt rieds wei och lénks schreiwen an molen konnt.

Den BP geet an d’Arméi…

Obwuel et kloer fir seng Famill war, datt hien op d’Uni geet, huet den BP mat 19 Joer decidéiert an d’Arméi ze goen. Hien haat souwisou säin Opname Examen fir op d’University of Oxford verkackt also huet hien den Opnam Examen fir d’Arméi gemaach an huet weltklass ofgeschnidden. 2tn vun 717 an der Kavallerie an 4tn an der Infanterie ginn. Domat huet hien déi 2 Joer Ausbildung an der Militärakademie iwwersprongen, ass zum Enner-Lieutenant ernannt ginn, an direkt mat sengem Regiment an Indien geschéckt ginn.

An senger Karriäre huet hien aner Vollek an aner Kulturen kennegeléiert mee haaptsächlech war hien an Indien an an Afrika. Als “Sub-Lieutnant Robert Stephenson Smyth Baden Powell” ugefaange an 1910 als “Lieutenant-General, The Right Honourable, The Baron Baden Powell” opgehale.

Ee Lieutenant wéi keen aanren !

An Indien 1876 huet also seng Militärzäit ugefaange. Schnell ass hien duerch seng Theateropféierungen deen hien organiséiert huet opgefall, duerch säin Interessen deen hien fir d’Jugend gewisen huet, mee och virun allem fir den Kontakt deen hien bei den lokalen Awunner gesicht huet. En huet sech souguer selwer Hindi bäibruecht, d Sproch vun de Inder.
Nieft dem Prinzip a klenge Gruppen ze schaffen huet hien och hei scho d’Method “Learning by doing” agefouert. An mat dësem Ausbildungssystem war den BP och Erfollegräich. Net duerch deen üblechen militäreschen Drill mee duerch säin eegene Ausbildunsgsprogamm.
Als Unerkennung huet hien Badgen verginn mat enger Fleur-de-Lys drop well des hien un den Magnéitnol vum Kompass an un d’Schëffer erënnert huet, Haut ass d’Fleur-de-Lys een zeechen vun de Scouten.
Zu dëser Zäit an Indien huet den Baden Powell säint éischt Buch “Reconnaissance and Scouting” geschriwwen wat dozou gefouert huet dat en méi Bekannt war an der Arméi an souguer berühmt war. Am ganzen huet hien 12 Militär Bicher an 25 Scouts Bicher geschriwwen. Suguer d’Biller an d’Skitzen huet hien selwer gemollt an gezeechent. Éischtens fir sech finanziell ze stëtzen mee och fir senge Zaldoten eppes bäi ze leieren.

Mat engem Schlo weltberühmt !

Een vun senger Erfollegräichster Missioun an der Arméi war an Afrika wou den 2. Burenkrich ausgebrach ass. Zwou Burenrepubliken hunn sech géint den imperialisteschen Afloss vun den Englänner gewiert. Wat den BP dunn berühmt gemaach huet an zum briteschen Krichsheld gemaach huet war dat hien sech mat sengem Kommando Mafeking belagert huet. Dat ass eng kleng Frontstadt, ouni grouss Bedeitung. Mee well den BP schonn eng Berühmtheet wollten d’Buren hien fänken an esou selwer Mafeking belageren. Mam Baden Powell als Kommandant hunn si d’Stad 217 Deeg laang standgehalen bis Si vun briteschen Truppen befreit goufen.
Ganz Britanien huet deemools ëmmer gespaant ob all Meldung aus Mafeking gewaard. Bekannt sinn dem BP seng Täuschung Manöveren déi hien agesat huet. Hien huet Poppen aus Stréi opgestallt fir virzetäuschen dat si zu vill méi sinn. Och d’asetzen vun Jugendlecher, deelweis un der Front, huet eng grouss Roll gespillt. Haut géif een vun Kannerzaldoten schwätzen an wier guer net denkbar. Dem Baden Powell ass et also gelongen des Militärlager ze verteidegen. Dëst huet hien mat engem Schlo weltberühmt gemaach an zréck an England ass hien als Krichsheld gefeiert ginn an zum jéngsten Generalmajor der briteschen Arméi befërdert.

Jugend Erzéihung emol aanescht

Zréck an England war den Baden Powell net nëmmen en Nationalheld mee ouni et ze wëllen och en Idol fir d’Jugend ginn. Kanner an Hausdéieren ginn no him benannt. An säi Buch “Aids to Scouting” wat hien amfong fir Zaldoten geschriwwe huet ass zum Bestseller ginn ënnert der Jugend.
No villen Gespréicher mat Kollegen huet hien 1907 decidéiert, seng Iddien selwer den Jonken Läit weider ze ginn. Mat 20 Borschen huet hien op der Insel Brownsea e camp vun enger Woch organiséiert. Dat war also d’Grënnungsjoer vun de Scouten. Jiddereen war natierlech begeeschtert an des Aventure huet sech schnell a ganz England ronderëm gezielt.
Duerch déi Erfarungen déi hien hei gesammelt huet an duerch den Bestseller vu sengem éischten Buch iwwert d Scouten, huet hien nach een zweet Buch iwwert Scouten geschriwwen mee des kéier fir d Jugend an zwar dat famoust Buch wat all gudde Scout kennt: “Scouting for boys”. Hei akleart den BP wei een zu engem gudde Scout gëtt an seng Iddien verbreeden sech esou schnell dat iwwerall op der Welt Scoutsgruppen gebilt ginn.

Wat Erzéiung an den Ëmgang mat Jugendlecher betrefft hat den Baden Powell ganz eegen Iddien. Obwuel hien Zaldot wor, wollt hien Fridden op der Welt. En vill zitéierte Satz vun him ass : Verlooss des Welt e steckchen besser, weis du se virfonnt hues.”
D’Engagement vum BP war esou grouss dat en den Kinnek Edward den VII em Rot gefrot huet. Den Kinnek war vun senger Scouts-Aarbecht begeeschtert an huet dat och als enorm wichteg agesinn. Dorops gouf den Baden Powell vum Kinnek Edward VII zum Ritter geschloen an doduerch huet hien am Mäi 1910 d’Arméi verlooss an sech ganz dëser neier Jugendbeweegung gewidmet.

Biller – Skitzen – Illustratiounen

KONSCHT

Den BP wor och bekannt duerch seng Zeechnugen an senger Bicher.
Richteg begaabt an en groussen Artist.

Baden Powell gëtt “haaptberufflech” Scoutsleader !

Ab elo feieren seng Reesen em déi ganz Welt. Fir Virträg ze halen an bei Neigrënnungen vun Scoutsgruppen ze assistéieren, mee och fir sech em national Organisatiounsstrukturen fir des Scoutsbeweegung ze koordinéieren an Representanten ze rekrutéieren. En huet ëmmer erëm en Grondbesëtzer fonnt deen sech bereet erkläert huet “County Commissioner” ze ginn.

11.000 Scouten hunn 1909 de Wee fonnt an den Kritallpalast op London wou dat éischt grousst Scoutstreffen statt fonnt huet. Den BP war begeeschtert an woumat hien net gerechent hat wor dat och Meedercher deel geholl hunn an sech staark fir d’Scouten interesséiert hunn. Als “Gril Socuts” hunn si sech virum BP fir gestallt. Natierlech huet hien net laang gezeckt an zesummen mat senger Schwëster Angnes e Grupp “Girl Guides” op d’Been gesaat, duerch deen d’Girl Guides Beweegung gewuess ass.

E schéinen Hochzaitsdaag

Januar 1912 op enger Weltrees huet den BP seng zukünfteg Fra d’Olave kenne geleiert. Si war op den Dag genau 32 Joer méi jonk an iwwert dem Baden Powell seng Scoutsiddi begeeschtert. Bestuet hunn si sech dat selwecht Joer am Oktober am klenge Familljekrees. An genau 1 Joer drop kruten si hiert éischt Kand.

Scouts in the First World War

93 204 333 033 views

(1914 – 1918)

Während dem Krich waren vill Scouten mat aktiv. Scho säit Joren huet den BP sech beméit, eng Militariséierung vun der Scoutsbeweegung zeverhennren… D’Iwwerwaachung op den Küsten, d’Fonctionnement vun den Telegraphenleitungen an och als Noriichten Iwwermëttler waren Aufgaben déi vun den Scouten iwwerholl goufen. Nom Krich huet den BP sech awer erëm voll a ganz hannert dem Opbau an Weiderentwécklung senger Scoute Beweegung.

D’Scoutsiddi entwéckelt sech zur weltwäiten Beweegung

Deen éischten internationalen Jamboree gëtt organiséiert! 1920 hunn sech 8000 Scouten aus 27 Länner an der Olympia-Hall bei London versammelt. Hei gouf den Baden Powell och zum “Chief Scout of the World” ernannt. Jamboree heescht op indianesch “Friddleches Zesummentreffen vun all de Stämm”.
Deen zweete Jamboree war 1924 an Ermelunden bei Kopenhagen mat 12000 Scouten aus 36 Länner.
1929 deen drëtten Jamboree bei Birkenhead an England mat 50000 Scouten aus 72 Länner.
Daat selwecht Joer wor de BP zu Lëtzebuerg op Besuch.

Baden-Powell ass eng international unerkannten Perséinlechkeet

Den BP krut am ganzen 37 Auszeechnungen an Éierungen. Gouf dacks zum Friddensnobelpräis virgeschloen, eleng nëmmen 1928 zéng mol.
1929 goufen den Baden Powell an seng Fra vum Engleschen Kinnek George V. geadelt an kruten den Titel Lord an Lady of Gilwell.

Ashanti Star 1895
British South Africa Company Medal 1896
Companion of Order of the Bath 1900
King’s South Africa Medal 1902
Knight Commander of Royal Victorian Order 1909
Knight Commander of Order of the Bath 1909
Silver Wolf – British Boy Scouts Award 1909
Grand Commander of Order of the Redeemer, Greece 1920
Grand Cross of the Order of Dannebrog, Denmark 1921
Grand Cross of Royal Victorian Order 1923
Silver Buffalo – Boy Scouts of America Award 1926
Grand Cross of Order of St Michael and St George 1927
Großes Dankabzeichen des Österreichischer Pfadfinderbund 1927
Goldene Gemse, Österreich 1931
Großes Ehrenzeichen der Republik am Bande, Österreich 1931
Knight Grand Cross of the Order of Orange-Nassau 1932
Bronze Wolf – Boy Scouts International Committee Award 1935
Wateler Peace Prize 1937
Member of Order of Merit 1937

Den BP seet “ÄDDI”

Lord Baden Powell ass dat, wat mir haut en internationalen Star nennen géifen. Hien huet am Joer 1933 eng Audienz beim Poopst, 1935 war en am wäissen Haus beim amerikaneschen President op besuch… mee leider ass och hien net méi jonk gin… schonn 1934 huet hien missen wéinst senger Gesondheet e puer méint am Bett bleiwen. Trotzdeem huet hien weider an Europa iwwer Australien bis an Asien, Scouten besicht.

Beim fënneften Jamboree an Vogelenzang an Holland huet den Grënner sech vun der Scoutsbeweegung dunn verabschit :

“Now the time has come for me to say good-bye.
I want you to lead happy lives. You know that many of us will never meet again in this world. I am in my eighty-first year and am nearing the end of my life. Most of you are at the beginning and I want your lives to be happy and successful. You can make them so by doing your best to carry out the Scout Law all your days, whatever your station and wherever you are. I want you all to preserve this badge of the Jamboree which is on your uniform. I suggest that you keep it and treasure it and try to remember for what it stands. It will be a reminder of the happy times you have had in camp, it will remind you to take the ten points of your Scout Law as your guide in life, and it will remind you of the many friends to whom you have held out the hand of friendship and so helped through goodwill to bring about God’s reign of peace among men.
Now good-bye. God bless you all.”

Nom Jamboree huet hien sech mat senger Fra an de Kenia an Ostafrika zréck gezunn. Hien hat dëst Land schonn ëmmer gär. Seng letzt 2 Joer zitt hien sech zréck an huet en entspaant Liewen… an souwäit seng Gesondheet et erméiglecht, an der Natur, do wou en am léifsten war.

Mir wëllen dem Lord Baden Powell seng Liewensgeschicht mat dësem Abschidsbréif ofschléissen:

“Dear Scouts – If you have ever seen the play “Peter Pan” you will remember how the pirate chief was always making his dying speech because he was afraid that possibly when the time came for him to die he might not have time to get it off his chest. It is much the same with me, and so, although I am not at this moment dying, I shall be doing so one of these days and I want to send you a parting word of good-bye.
Remember, it is the last time you will ever hear from me, so think it over.
I have had a most happy life and I want each one of you to have as happy a life too.
I believe that God put us in this jolly world to be happy and enjoy life. Happiness doesn’t come from being rich, nor merely from being successful in your career, nor by self-indulgence. One step towards happiness is to make yourself healthy and strong while you are a boy, so that you can be useful and so you can enjoy life when you are a man.
Nature study will show you how full of beautiful and wonderful things God has made the world for you to enjoy. Be contented with what you have got and make the best of it. Look on the bright side of things instead of the gloomy one.
But the real way to get happiness is by giving out happiness to other people. Try and leave this world a little better than you found it and when your turn comes to die, you can die happy in feeling that at any rate you have not wasted your time but have done your best. “Be Prepared” in this way, to live happy and to die happy- stick to your Scout Promise always when you have ceased to be a boy – and God help you to do it.
Your friend,
Robert Baden-Powell”

Ënnerstetzt eise Grupp Don Bosco Houwald

Menu