All Ënnerstëtzung zielt.

D’Frënn vun den
Houwalder Guiden a Scouten

President: Jean-Marc Pierre
Email: contact.frenn@houwald.lgs.lu

Comité

2024

D’Frënn vun den Houwalder Guiden a Scouten sinn d’Amicale vum Grupp. Si gouf 1973 gegrënnt, wéi eng engagéiert Grupp vu Leit – virun allem Eltere vu Scouten – sech zesummegedoen huet, fir de Bau vum Chalet ze erméiglechen an de Grupp nohalteg z’ënnerstëtzen.

Hir Haaptaufgab ass et, dem Grupp materiell, finanziell a representativ Ënnerstëtzung ze bidden. Doduerch kënnen d’Cheffen a Cheftainen sech voll a ganz op hir pädagogesch Aarbecht an op flott Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher konzentréieren.

D’Frënn stinn de Guiden a Scouten als zouverlässeg Stëtz zur Säit, ouni sech an den alldeegleche Scoutsbetrib anzemëschen. Sou bleift d’Onofhängegkeet vum Grupp erhale, bei gläichzäiteger staarker Ënnerstëtzung am Hannergrond.

  • Wann s du interesséiert bass, de Grupp z’ënnerstëtzen, da kontaktéier einfach d’Frënn. All Hëllef, kleng oder grouss, ass häerzlech wëllkomm a mécht en Ënnerscheed.
  • Eis Mataarbechter si eng rieseg Hëllef! Ob um Bëschfest, bei Aarbechtsdeeg oder hannert de Kulissen, wann vill Hänn mat upaken, leeft et einfach besser.
  • Léier d’Frënn kennen, si organiséieren ënner anerem eist legendäert Bëschfest am Summer. Spiller, guddes Iessen a vill Spaass fir Grouss a Kleng, do ass ëmmer eppes lass!