Giovanni Melchiorre Bosco
Eise Patréiner
Giovanni Melchiorre Bosco, genannt Don Bosco, ass den 16. August 1815 zu Becchi (Italien) gebuer an den 31. Januar 1888 zu Turin gestuerwen. Hie gouf 1934 vum Poopst Pius XI. helleg geschwat a gëllt als ee vun de wichtegste Jugendpädagogen am 19. Joerhonnert.
1841, no senger Priisterwei, ass hien op Turin gaangen. D’Industrialiséierung huet vill jonk Leit an d’Stad gezunn. Vill ware eleng, ouni Aarbecht, ouni Erzéiung a Perspektiv.
Don Bosco huet hinnen:
Hien huet säi Wierk am Quartier Valdocco opgebaut, dat gouf séier en Zentrum fir Hëllef an Hoffnung.

Salesianer
D’Salesianer Don Bosco goufen 1859 vum Giovanni Melchiorre Bosco gegrënnt. Si sinn eng kathoulesch Ordensgemeinschaft, déi sech weltwäit fir Kanner a Jugendlecher asetzt, besonnesch fir déi, déi Ënnerstëtzung brauchen.
Si schaffen no dem Prinzip vum Don Bosco: Erzéiung duerch Vernunft, Glawen a Léift.
Haut si si a méi wéi 130 Länner aktiv a begleeden Jonker duerch Schoulen, Jugendzentren a sozial Projeten.
Firwat ass Don Bosco eise Patréiner?
Säi Geescht lieft an all Scoutsaktivitéit weider, wou mir zesumme léieren, spillen a wuessen.
Well hie fir: Gemeinschaft, Engagement fir Jugendlecher, Vertrauen an d’Potenzial vun all Mënsch an en oppent Häerz fir déi Schwächst steet.






