An den Albatross geet et ganz gemittlech virun. Vue dass eis Membere bal alleguerten an der Aarbëchtswelt ënnerwee sinn, ass et schwéier sech regelméisseg ze gesinn. Pro Mount gëtt awer ëmmer eng Versammlung mat enger bestëmmter Aktivitéit festgehalen.
Zesumme kachen, u Pubquizzer deelhuelen, Chrëschtmärt besichen, Krimidinnere léisen,… ass och bei den Albatross alles dobäi a machbar!
Dat Wichtegst an den Albatross ass d’Scoutskarriere Revue passéieren ze loossen, déi laang Frëndschaften ze erhalen a Spaass ze hunn.
Kontakt
Responsabel : Anne Muller
Email : anne.muller@houwald.lgs.lu


