CaraPio ass d´Ofkierzung vu Caravellen a Pionéier, dat si Jugendlecher tëscht 14 a 17 Joer.

Ganz vill Wäert gëtt geluecht op d´Matbestëmmung, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéien vun den Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d’Matverantwortung an d’Engagement grouss geschriwwe ginn.

Wat mir erliewen? De Startschoss fir e neit Joer as ëmmer d´Montée, wou déi nei CaraPio an d’Trupp opgeholl gin. Am Laf vum Joer ginn dann en etlech Weekender zesumme geplangt an iergendwou am In- oder Ausland, am Chalet oder Zelt ofgehal. Den absoluten Héichpunkt vum Guide/Scoutsjoer ass awer de Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland as.

Responsabel : Hoffmann Tom
Email : carapio.houwald@gmail.com

 Versammlungen sinn all zweete Mettwoch vun 20:00 – 22:00

D’Ziler vun der CaraPio-Branche

Eege Grenze kenneléieren ( et kann ee méi maache wéi ee mengt).
Selbststännegt Denken an Handelen.
Verantwortungsgefill fir sech, déi aner an d’Ëmwelt.
Positivt Denken an Handelen.

Grouss Aktivitéiten

Am Joer gi regelméisseg ( min. 4) gréisser Aktivitéite gemaach, entweder als Ofschloss vun enger Entreprise oder als eegestänneg Evenementer, z.B.: Weekender, Sortien, Visiten, Theater, Chrëschtmaart, Botzaktiounen, Hike, … .

« Wenn ich von Wandern rede, meine ich flottes Wandern, nicht nachlässiges Schlendern. »
B.P.

Eis CaraPio-Chefen

Tom

Truppechef

Den Tom verschaaft de CaraPio d’Mëttelen, fir hir pläng ze réaliséiren. Hien begeeschtert, iwwerwaacht, coordinéiert beréit a verléiert déi educativ Ziler nët aus den Aën.

Laura

ATC

D’Laura observéiert all eenzelne CaraPio an uecht op de perséinleche Fortschrëtt vun den eenzelne Jugendlechen.

Ënnerstetzt eise Grupp Don Bosco Houwald